Filmfestival "Créajeune 2018" a Masterclass mam Regisseur Andy Bausch

Filmfestival „Créajeune 2018“ a Masterclass mam Regisseur Andy Bausch

- e perséinleche Réckbléck vum Multimedia-Team „Schuman-Tube“ aus dem Lycée Robert Schuman -


Zënter 10 Joer ass de Filmfestival „Créajeune“ eng fest Gréisst an der Lëtzebuerger Medielandschaft. De Videoconcours fir Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener gëtt e.a. organiséiert vum saarlännesche Filmbüro, der Ligue de l’Enseignement / FOL Moselle an dem Service National de la Jeunesse. Fir di Jonk aus der Groussregioun ass et eng eemoleg Geleeënheet, hir Filmer a verschidde Kinoen op der grousser Leinwand ze erliewen.

D’Multimedia-Team „Schuman-Tube“ aus dem Lycée Robert Schuman war dëst Joer fir di zweete Kéier mat dobäi.

2017 haten di zwee Kuerzfilmer „James Hond cleans up“ a „Love ... nature!“ et ënnert di 70 Bäiträg gepackt , déi aus de ronn 130 Kontributiounen fir de Concours nominéiert goufen.  

Di ökologesch Fabel „James Hond cleans up“ (https://youtu.be/yNW22Ibrrz4) ass deemools zu Metz am Jugendprogramm gelaf während de romantesche Clip „Love ... nature!“ (https://youtu.be/hOE2UqX350s) an der Kategorie „Jonk Erwuessener“ an der Stat gewise gouf.


Dëst Joer kruten d’Schuman-Tube-Schüler vum saarlännesche Filmbüro di erfreelech Nouvelle, datt direkt 3 vun hire Filmer fir de Festival selektionéiert goufen - an zwar :

- den 1-Minutte-Clip „A time to breathe “ iwwert di poetesch Kandheetserënnerung vun enger gestresster Hausfra (https://youtu.be/VnYBs_ITDW0),

- den onheemlechen „Basement killer“ iwwert e Meedchen, wat an engem ënnerierdesche Parking verschwënnt (https://youtu.be/0Euh62BG9R0)

- an den Documentaire „Lancement d’un ballon stratosphérique“ iwwert de spektakulären Helium-Ballon-Projet am Kader vun den Ateliers interdisciplinaires am LRSL. (https://youtu.be/RkhE_vPKnZY)

Gewise goufen di 3 Bäiträg Ufank Februar am Théâtre du Saulcy zu Metz a schonn eng éischte Kéier de 17. Januar anlässlech vum Festival-Optakt zu Lëtzebuerg.

No der Projektioun an der Cinémathèque hun di jonk Cinéasten aus dem LRSL dem interesséierte Publikum nach eng Partie Hannergrondinformatioune gin zu den Dréiaarbechten an zum Verlaf vum dokumentéierten Helium-Ballon-Experiment.


Am Nomëtteg hu Première-Schüler aus der Filmanalyse-Optioun a Memberen vum Schuman-Tube-Comité zesumme mat Studenten aus Däitschland, Frankräich an der Belsch d'Masterclass vum Andy Bausch besicht, op déi de Service National de la Jeunesse invitéiert hat.

Während iwwer 2 Stonnen krute si vum Lëtzebuerger Kultregisseur eng ganz perséinlech Aféierung a säi filmescht Wierk mat iwwer 50 Regie-Aarbechten am In- an Ausland. Et gouf kaum e Sujet, deen den Andy Bausch net gesträift hätt – vun der wichteger Roll vum Rock’n’Roll als Inspiratiounsquell, iwwert säi groussen Interêt fir de Genre vum Documentaire bis hin zu der net ëmmer einfacher Zesummenaarbecht mat sengem „acteur-fétiche“ Thierry Van Werveke.

Am Gespréich mat de jonke Leit huet den Andy Bausch awer och mat munchen naive Klischeeën iwwert d’Aarbecht am Filmbusiness opgeraumt. An enger ganzer Partie vun tragesch-komeschen Anekdoten aus senger filmescher Vergaangenheet huet hie kloer gemaach, datt den Erfolleg him hei zu Lëtzebuerg net an de Schouss gefall ass - au contraire: Mol huet en ale Rollstull de professionelle Kameradolly op Schinnen mussen ersetzen, well keng Suen do waren, mol sin d’Dréiaarbechten zum éischten Deel vum „Troublemaker“ op onbestëmmten Zäit op Äis geluecht gin, well den Andy alt erëm pleite war a seng Filmrullen net konnt am Labo zu Bréissel entwéckele loossen.

Mais och no sengem nationalen an internationalen Duerchbroch ass den Andy Bausch bescheide bliwwen – a mëcht keen Heel doraus, datt säi Beruff generell keng bequem finanziell Sécherheet bitt, wann e beispillsweis fir e filmeschen Optrag wochelaang muss op den Uruff vu engem Produzent laueren oder wann de Finanzement vun engem Projet trotz intensiver an zäitopwänneger Viraarbecht op der Kipp steet.


D’Reaktiounen no der Diskussioun mam Andy Bausch ware bei de Memberen vum Schuman Tube ganz ënnerschiddlech: Während de Ben der Meenung ass, datt d’Filmerei sollt en Hobby bleiwen, spillt de Charel weiderhin mam Gedanken, spéider eventuell Filmregisseur ze gin.

An engem wesentleche Punkt awer sin di jonk Filmmécher mam Andy Bausch enger Meenung : Obwuel d’Technik et de Jonken haut am i-Pad-Zäitalter vläicht méi liicht mëcht, riskéiere flott Projet’en nach wie vor ze scheiteren – engersäits, well sech net genuch motivéiert Schüler a Proffe fanne loossen an anerersäits, well deen néidege Budget e.a. fir eng adequat Infrastruktur a cibléiert Formatiounen duerch Experten vu baussen a munche Schoulen hei am Land net garantéiert ass.


Fir weider Informatiounen zum Schuman-Tube, kontaktéiert w.e.g.

marc.erang@education.lu

schuman-tube@lrsl.lu