Neien ökologesche Parking vun 318 Parkplazen beim Parc Merveilleux

E Freideg, den 22 September ass an der route de Mondorf  den offizielle Grondstee fir den neien ökologesche Parking geluecht ginn.


Hei entsti fir 2.950.000 € bis Abrëll 2018, also pünktlech fir Ouverture vun der neier Saison am Mäerchepark am ganzen 318 nei Parkplazen. Natierlech kënnen och déi 2 grouss Veräiner aus der Gemeng, de Sporting Club an den Hondsclub da vun der erweiderter Parkplazoffer profitéieren.


Donieft ginn op dësem Areal 1.030.000 € an de Waasser- an Ofwaasser-Beräich investéiert, andeems e natierleche Reewaasserkollekter ugeluecht gëtt, déi Iwwerschwemmunge wéi Enn Mee 2016 solle verhënneren.