Offiziell Ouverture vum neien Siège vum Office social

E Méindeg, de 25. September war déi offiziell Ouverture vum neien Siège vum Office social vun de Gemenge Beetebuerg, Fréiseng a Réiser zu Beetebuerg a Präsenz vun der Familljeministesch Corinne Cahen an dem Inneminister Dan Kersch.


Nieft de Memberen aus der Regierung an de Buergermeeschteren aus deenen 3 Gemengen, Laurent Zeimet, Malou Aulner a Tom Jungen, konnt d‘Präsidentin vum Verwaltungsrot Danièle Molling-Spenner och d‘Personal an d‘Memberen aus de Gemengeréit an dem Verwaltungsrot vum Office social begréissen.


Uschléissend krut déi fréier Presidentin vum Verwaltungsrot Marie Anne Rodesch-Hengesch fir hir Verdéngschter den Titel als Éierepresidentin unerkannt.

Nei Adresse vum Office social:

11, rue James Hilliard Polk
L-3275 Bettembourg
Tél.: 26 51 66-51
Sekretariat ass Moies vun 8.30 bis 11h30 a Mëttes vu 14.00 bis 17.00 Auer op !


www.oscbfr.lu