Offizielle Baustart fir den neie Kulturzentrum zu Hunchereng

Den 30. August ass zu Hunchereng de Grondstee fir de neie Kulturzentrum am Häerz vum Duerf geluecht ginn.

De Buergermeeschter Laurent Zeimet konnt nieft dem Staatssekretär fir Kultur Guy Arendt och d‘Memberen aus dem Schäffe- a Gemengerot, Vertrieder vun de bedeelegte Firmaen an Awunner aus dem Duerf zu dësem Festakt begréissen.

Nieft dem Bredimus Haff dréit och dëse Projet zur Opwäertung vum Huncherenger Duerfkär bäi.


De Staatssekretär Guy Arendt huet déi Gemengeverantwortlech dann och gelueft, datt mam ale Paschtoueschhaus historesch Bausubstanz konnt erhalen a mat an de Projet integréiert ginn.

Am Mäerz 2017 ass ugefaange ginn mam Bau an am Fréijoer 2019 kënnen déi éischt Veräiner eraplënneren.


D’Käschte belafen sech op 10.730.000 Euro, vun deenen de Kulturministère der ronn 874.700. Euro iwwerhëlt.

Zum Projet gehéiert och nach en ökologesche Parking vun 72 Plazen, dee schon am Mäerz 2017 fäerdeg gestallt gouf.

Well Dir genau wësse wéi de Bau virukënnt? En Timelapse-Video sou wéi alleguer Detailer fannt Dir um Site vun der Gemeng: http://bit.ly/2eluTMO