PC-Ateliers vun der Gemeng Beetebuerg

Viru kuerzem war Diplomiwwerreechung vun de PC-Atelier Couren , déi am Kader vun de Vakanzenaktivitéite vun der Gemeng Beetebuerg am Centre Multimedia organiséiert goufen.

Dëst Joer haten sech insgesamt 68 Kanner aus den Zyklen 3 a 4 fir 7 Couren ugemellt. Sie konnten sech an deene verschiddensten technesche Sujete wéi digitaler Photographie, Internetsecherheet, Videobeaarbechtegung a Spezialeffekter probéieren

Déi zoustänneg Schäffin Josée Lorschée huet an hirer Usprooch dem Service informatique vun der Gemeng , awer besonnesch deene 7 Monitricen a Moniteure Merci gesot, déi fir hiren Encadrement engagéiert gi sinn.