SCHECKIWERREECHUNG

Amis du Guidisme ënnerstëtzen sozial Vereenegungen

Beetebuerg. Am Juni hun d'Amis du Guidisme bei enger klenger Feier am Veräinshaus 5 Vereenegungen e Scheck iwerreecht am Wert vu jeweils 2.000 Euro. Dest war den Ofschloss vun der Organisatioun vun hire Floumärt während ville Joeren. E Scheck hu kritt: "Wonschkutsch" - "Gamma Guiden a Scouten" - "Frendeskrees Kamerun" - "cbm - Blannemissioun" an "Eng oppen Hand fir Malawi".