SCHECKIWWERREECHUNG

"D'AMIES DU GUIDISME" haten kirzlech op eng kleng Feier an den Centre Louis Ganser agelueden. Bei deser Geléenheet hun sie Sckecken un verschidden Organisatiounen iwwerreecht.Den Total vun deenen Schecken 12000,00 Euro war den Erléis vun 2 Floumärt am Joer 2014. Iwwer dese Gest hun sech den H. Jean FETZ an den H. Lucien SETTINGER vum PÄERD'S ATELIER asbl (Liewenshaff Merscheed); d'Mme Laura WIESMANN vum KANNERHAUS JEAN vun der Croix Rouge; déi Hären Jeng WEILER a Pierre BALTHASAR vun "Hëllef fir Kanner vu CONSTANTA" a Rumänien, an déi Damen Ginette HIPPERT a Marcelle LUDWIG vum "RELAIS DE L'AMITIE" vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten zu Bilschdrëf gefreet.
Eise Floumart dëst Joer as den 27. an den 28. Juni 2015 am Schlass zu Beetebuerg. (opgepasst neien Datum an nei Platz)