Scheckiwwerreechung an der résidence pour personnes âgées an de wisen

E Freideg den 21. Abrëll 2023, huet d’Amicale vun der résidence pour personnes âgées an de wisen der Direktioun vum Haus e Scheck an Héicht vu 50.000 € iwwerreecht.

Dësen Don erméigelecht d’Finanzement vun diverse Projeten, déi zu Gonschte vun de Bewunner geplangt ginn. Gläichzäiteg ass déi nei Zär ageweiht ginn, déi lescht Joer fir d’Bewunner am Park vun der Residenz gebaut gouf, och dëst ee flotte Projet, dee vun der Amicale finanzéiert gouf an dee vum Grupp Medana (Médiation animale et nature) mat geleedt gëtt.

Duerch eng langjähreg Ënnerstëtzung an engem Gesamtbetrag vun iwwer 800.000 € konnt d’Residenz scho vill Projete fir d‘Wuehlbefannen an fir d‘Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun de Bewunner ëmsetzen, dës sinn :


Den Ëmbau vun engem Auto fir Rollstullfuerer;

De Kaf vun engem Piano;

E Gehparcours;

De Kaf vun engem neie rollstullgerechten Auto;

Renovéierungsaarbechten vum Ergotherapeuteschem Beräich;

De Bau vun engem Kanéngecher- an Héngerstall;

Eng nei Volière am Hal vun der Residenz Mierschwéngechersstall;

Eng Buedbidden fir net mobil Bewunner ze duschen;

Eng Zär fir an de Park, eisen Holzatelier …


D’Direktioun vun der résidence an de wisen an d’Madame Thérèse MOHREN, Presidentin vum « Heemrot » vun der résidence an de wisen, soen der Madame Viviane Salvestrin, Presidentin vun der Amicale, an all hire Memberen e grousse Merci fir dëse generéisen Don. Vrun allem gëllt hinnen all ee besonnesche MERCI fir hier Ënnerstëtzung an der gesamter Pandemie-Zäit wou Si eis tatkräfteg zur Säit stoungen a fir eis Visiteuren de Covid-Check all Dag an der Woch, ewéi och d’Weekender an d’Feierdeeg gemaach hunn.