Schueberfouer zu Beetbuerg an de wisen!

Wéi all Joers huet d'Ekipp vum Soutien sech vill Méi gemaach fir d'Schueberfouer an der résidence pour personnes âgées an de wisen zu Beetebuerg z'organiséieren, esou war dëst och den 24. August 2023 nees de Fall.

Am Festsall a ronderëm d’Haus waren sëllege Stänn opgebaut. D'Spiller hu Grouss a Kléng begeeschtert an d'Geisterbahn huet nees fir vill Furrie gesuergt. Natierlech goufen et frësch gebaaken Eisekuchen an Leckereien vun der Confiserie "Chez Nono".


D'Bewunner an hir Familljen haten ee flotten a lëschtegen Dag zesumme mam Personal verbruecht.

E grousse Merci och un all d’Famillen déi eng Peluche gespent haten, si hunn de Bewunner vill Freed gemaach.


An ee besonnesch grousse Merci un d’Ekipp vum Soutien déi vill flott Iddiën haten a sech onheemlech vill Méi gemaach hunn fir de Bewunner e flotte Nomëtteg ze bidden !