Wisefest 2022

Nodeems duerch d’Pandemie 2 Joer laang kee Wisefest an der résidence konnt organiséiert ginn war d’Direktioun zesumme mat der Amicale dëst Joer besonnesch frou fir endlech nees op hiert traditionellt Fest z’invitéieren. Dohier gouf e Samschdeg den 2. Juli 2022 vun 11 bis 18 Auer nees fir eng flott Ambiance zesumme mat de Bewunner a Famillje gesuergt.


Um Site vun der résidence zu Beetebuerg huet d‘Visiteuren ee flotte Programm erwaart:

· Spill, Spaass an Attraktioune fir Jonk an Al: Tombola, Spiller fir déi Klengst, Facepainting, Streetartanimatioun mat Stelzegänger a villes méi.

· Fir dat kulinarescht Wuel war beschtens gesuergt dëst mat diversem Gegrilltem, frëschen Zaloten, erfrëschendem Uebst an och u gudden Desserte hat et net gefeelt.

· Am Laf vum Dag gouf d’Summerfest ëmmer erëm musikalesch durch d‘Band „DUO ZANELLA“ encadréiert an d’Personal zesumme mat de Bewunner a Familljen hunn ënnert bloem Himmel gedanzt, gesong a gefeiert.


Den Entrée war gratis an et war eng Freed e gemittlechen a flotten Dag mat eise Bewunner an der Résidence ze verbréngen.


(Fotoen vum Maryse Greivelding)