Zu Éiere vun den nonzegjärege Bewunner an der résidence an de wisen

E Freideg, de 27. Januar 2023 gouf um 1600 Auer am Festsall vun der résidence pour personnes âgées an de wisen zu Beetebuerg eng Feier zu Éiere vun deene Bewunner organiséiert, déi am Joer 2022 hir nonzeg Joer kruten.

Den Här Thierry DIFFERDING, Direkter vun der résidence pour personnes âgées an de wisen, den Här Laurent ZEIMET, Buergermeeschter vun der Gemeng Beetebuerg ewéi och den Här Jean-Marie Jans, Schäffe vun der Gemeng Beetebuerg, hunn de Jubilaren hir Sympathie ausgedréckt an hinnen an deem Zesummenhang e Cadeau iwwereecht.

Bewunner vun der résidence pour personnes âgées an de wisen, déi deen Dag présent waren a geéiert goufen:


· Madame THULL-NOESEN Marie

· Madame DEGROOTE-DAHM Lily

· Madame KAYSER-FAUTSCH Marie

· Monsieur MEYSEMBURG Fernand

· Madame SCHINTGEN-PERAZZOLI Rosalie

· Monsieur ZIMER Joseph

· Madame TINTINGER-BREMER Jeanny

· Monsieur COLLING Paul


D'Madamm Schintgen-Perazzoli konnt un de Feierlechkeeten awer leider net deelhuelen.