Zum 90. Gebuertsdag gëtt gratuléiert!

E Freideg, de 19. Januar 2024 gouf um 16:00 Auer am Festsall vun der résidence pour personnes âgées an de wisen zu Beetebuerg eng Feier zu Éiere vun deene Bewunner/innen organiséiert, déi am Joer 2023 hir nonzeg Joer kruten.


Den Här Thierry DIFFERDING, Direkter vun der résidence pour personnes âgées an de wisen, den Här Laurent ZEIMET, Buergermeeschter, ewéi och den Här Jean-Marie Jans, Scheffe vun der Gemeng Beetebuerg hunn de Jubilaren hir Sympathie ausgedréckt an hinnen an deem Zesummenhang ee flotte Bouquet iwwereecht.

Bewunner/innen vun der résidence pour personnes âgées an de wisen, déi geéiert goufen:

· REINESCH-LEHNER Yvonne

· KÜHLER-DICHTER Charlotte

· TANZ Helmut

· KINSCH-DESQUIOTZ Jacqueline


Zesummen gouf e Patt gedronk an e gutt Stéck vum Gebuertsdagskuch giess, esou datt d'Bewunner an hir Familljen ee flotten Nometteg verbruecht hunn.