1. Repair Café zu Bettendrëf

Viru Kuerzem war zu Bettendrëf an der Sporthal den ischte Repair Café an der Gemeng. D'Klimapaktkommissioun, an Zesummenarbicht mam CELL (Citizens for Ecological Learning and Living) haat d'Lett opgeruff, hir futtis Saachen (Elektro, Toaster, Musicboxen, Kaffismaschinnen) laanst ze bréngen a bei eng Taass Kaffi an enger Mëtsch mat hinnen an d'Gespréich ze kommen. Grondiddi ass de Maschinne e neit Leewen ze gin, a nët direkt eppes Neies mussen ze kafen, wann et dacks un engem 50 Cent-Stéck hängt. Am Gespréich goufen dann och nach Andréck an Usiichte gesammelt, wat an der Gemeng nach kann a Saache Klimaschutz verbessert gin. Su wäert nach virun Allerhelligen op de Kierfichter eng Sammelstell fir di oofgebrannte Käerzen ageriicht gin, an di weelich Blummen a Coupen besser getrennt gin.

Alles an allem e léierräiche Samsdigmoien, wou nei Kontakter konnte geknäppt gin tëscht de Lett an de Responsabele vun der Gemeng.