AG vum Velo Club Dikrich
um weitere Bilder zu sehen.
AG vum Velo Club Dikrich 2026
De President begréisst di Memberen, di do sin a well d’Majoritéit vun de Memberen nët do ass, geet d’AG réicht 15 Minutte mi spitt un a kann dann, laut Statuten och Décisiounen hollen.
De Sekretär gëtt Informatiounen zu de Memberszuelen:
1 Commissaire
6 Elite Lizenzen
7 Loisirs
6 Masters
14 Jeunes
16 affilié(e)s, dorënner 3 Kanner ënner 6 Jar, di nach keng Jeunes-Lizenz kënne kreien.
2 conducteurs de véhicules
5 directeurs sportifs
4 Mécanos
1 Débutant U17
2 Cadets U 15
3 Minimes U13
Am Total sin et 58 Persounen, d’Diskrepanz kënnt doduerch, dass verschidde Memberen mi wi eng Lizenz hun. (z.B. Commissaire + directeur sportif)
D’Trésorière dréit de Finanzbericht viir, dee mat engem Malus oofschléisst, wat virun allem un der ’Soirée académique vum 75. Anniversaire vum VCD läit.
Haaptthema 2025 war de 75. Anniversaire vum Velo Club Dikrich mat dem Cyclocross Championnat, den 11. Januar 2026 an der Ausstellung am Kulturhaus zu Dikrich, déi awer réicht am Finanzbericht fir d’Jar 2026 gebucht kënne gin.
Haaptpunkte fir 2026 sin d’Randonnée d’Echappée zu Konsdrëf de 9. Mee, d’Randonnée jempy Schmitz den 2. Weekend August, d’Kannercourse hannert der Schwämm den 13. September an en eventuelle regionale Cyclocross, wou de VCD awer nach eng Réunioun mam Schäfferot oofwaard.
Et goufen zwu Proposë vum President virgedro, di unanime vun de Memberen, di do waren, ugeholl goufen.
D’Lizenzë gin op 50.- EUR pro Kand a 75.- EUR pro Erwuessene festgesat. Bis dato haat de Veräin nach keng Sue fir eng Lizenz gefrot, ma well de Kannertraining an och d’Taxë vun der FSCL musse finanziert gin, gouf dës Décisioun ugeholl. De Maximum pro Famill gouf op 150.- EUR pro Jar festgesat.
Tricotë fir d’Kanner si gratis, allerdings gin all aner Kleeder (Jacquetten, Tricots laang Ärm etc) verrechent. Dëst gëtt domat begrënnt, dass de Veräin 2025 fir iwer 8.200.- EUR Kleeder Kaaft hott. Erwuesse Lizensierter bezuelen all Tricot.
Well de Conseil d’Administration am Laaf vum Jar d’Démiissioun vum Guy “Pippo” Richartz matgedeelt krut, a well e nach nët um statutarischen Maximum vu 15 Persounen ukomm ass, gouf den Alain Lentz par acclamation zum neien Administrateur geweelt. Den Administrateur Eric Besenius ass bereed, de poste vum Vice-President unzehollen, wat de Statute no an der nächster CA-Versammlung actiërt gëtt.
Zum Schluss krut de Guy “Pippo” Richartz nach e Kado vum Veräin, fir di laang Jaren, wu heen als Vice-President am Asaz war.
Fotoë si vum Jeff Gloden