Elisabeth belount d'Kreativitéit vu senge Mataarbechter

D’Mataarbechter vun Elisabeth hunn an eisem rezenten interne Concours e grousse Kampfgeescht bewisen an dat fir e wichtegen Zweck. D’Thema vum Concours war „eng Plaz fir jiddereen an enger inklusiver Welt fir eng mënschlech Interaktioun“, eng Visioun déi fir Elisabeth ganz wichteg ass.


Op der Präisiwwerreechung um Campus Dappeshaus hunn all d’Participanten eng flott Zäit matenee verbruecht an hir Kreatiounen op engem groussen Ecran bewonnert. Den Här Laurent Mersch, Directeur général adjoint vun Elisabeth, huet de Participante Merci gesot fir hiert Engagement an hir Kreativitéit an d'Gewënner goufe mam neiste Modell vun der Apple Watch belount.


Gratulatioun un d’Gewënner a Bravo un all d’Participante fir hiren aussergewéinleche Bäitrag zu dësem memorabele Concours!


Dir fannt d'Kreatioune vun de Gewënner op eiser Websäit - klickt hei!