Eng Bréck schafen tëschent deenen, déi am Alldag seelen openeen treffen

Bei Elisabeth hu mir mat de verschiddenste Populatiounen ze dinn. An dat Bescht wat mir maache kënnen ass vun dësem Räichtum un Thematiken ze profitéiere fir zum Beispill Kanner a Leit mat Handicap zesummen ze bréngen.


Am Kader vum „Internationalen Dag vun de Mënsche mat enger Behënnerung“ hunn d'Kanner vun der Maison Relais Conter un engem Ausfluch an den Institut St. Joseph zu Betzder deelgeholl. Am Institut hate si d’Méiglechkeet, u verschiddenen Ateliere wéi z.B. Schräiner- oder Käerzenatelieren awer och kreativen, Beweegungs- a Gesangaktivitéiten deelzehuelen a mat den Awunner a Kontakt ze kommen.


D'Zil vun dëser Aktioun war et d'Zesummenaarbecht tëscht de Strukture vun Elisabeth ze stäerken an eng Bréck ze schafen tëschent Leit, déi am Alldag seelen openeen treffen. Ausserdeem wëlle mir Ängschten a Virurteeler reduzéieren, wéi och d'Wäertschätzung vu Leit mat Handicap förderen an hir Eenzegaartegkeet ënnersträichen.


Bei Elisabeth betruechte mir den Ënnerscheed als eng Beräicherung a feieren eis Diversitéit!


Méi Informatiounen iwwer Elisabeth Handicap fannt Dir hei: https://www.elisabeth.lu/personnes-en-situation-de-handicap/