Vill Freed a Spaass op de Portes Ouvertes am Institut St. Joseph!

Den Institut St. Joseph, ee vun den Zentre fir Leit mat enger Behënnerung vun Elisabeth Handicap, huet leschte Freideg de 16. Juni seng Dieren opgemaach fir un dësem aussergewéinlechen Dag d’Liewe vun de Leit mat enger Behënnerung ze feieren.

D'Participanten hu wärend interaktive Workshops an enger Visite guidée den Alldag vun den Awunner entdeckt, a méi iwwer hir eenzegaarteg Erfarungen a bemierkenswäert Talenter geléiert.

De Programm op der Bün war och gutt gefëllt mat 2 talentéierte Museksgruppen an enger Powershow mam Georges Christen.

Dësen Dag huet d’Awunner, d’Mataarbechter an d’Visiteure méi no zesumme bruecht an op d'Wichtegkeet vun der Inklusioun an der Diversitéit opmierksam gemaach.