De Kleeschen bei der Amiperas Fluessweiler

De Mëttwoch Mëtteg hat sech heegen Besuch zu Beyren bei der Porte Ouverte vun der Amiperas ugekënnegt.

Géint 15.30Auer ass de Kleeschen an den Houseker bei hinnen zu Beyren laanscht komm an huet jidderengem deen sech gutt geschéckt hat ee groussen Boxemännchen bruecht. Den Houseker wees firwaar hien och seng Rudden matbruecht haat.

Bei engem Patt, Glühwein oder enger Taass Kaffi an en Eisekuch mat Schlagsahn an Ärdbier (vum Emil gebaack) ass den Nometteg seier ömgaangen .

Merci Kleeschen