Konveniat vun der Spillschoul

kierzlech huet den 62 Joergang sech zu Grevenmacher fir ee Konveniat zesummen fonnt, sou wei dat zënter 40 Joer scho Traditioun ass.

No engem gudde Patt am Quai stoung eng Visitt vun der neier Kläranlag um Programm. Hei kruten mir eng detailléiert Féierung vum Alain Marson an no engem gudden a killen Crémant hu mir eis op de Wee an de Restaurant Savory gemaach.

E puer flotter Stonnen zesummen verbruecht hu mir decidéiert elo keng 5 Joer méi ze waarden fir eis zréckzegesin.