Generalvesammlung vum Club Liewensfrou


Den nach jonke Club Liewensfrou vun der Gemeng Fluessweiler hat ee Sonndeg ob seng 2. Generalversammlung agelueden. De President Corneille Jans huet s Memberen ganz häerzlech begréisst. Enner de Gäscht konnt hien de Buergermeeschter Roger Barthelmy. d' Schäffen Juliette Jans-Fusenig an Erny Apel sowéi d ' Conseilleren Jean-Marie Sadler an Jorge Sousa begréissen. De Club Liewensfrou huet am vergaangene Joer ganz vill Aktivitéiten organiséiert dorënner - all Mount eng Kaffisstuff/ Mammen- a Pappendag/Eierungen fir hir Memberen ab 75 Joer/ Kleeschen an Chrëschtdag ass gefeiert ginn. Ganz flott Ausflich huet de Verein organiséiert , een Dag mam Scheff ob der Musel/Zoo Amnéville/ Visite vun der Ausstellung Family of Man zu Clierf/Chrëschtmaart zu St Wendel.

De President ass ganz houfreg 2 nei Memberen an de Comité konnten obzehuelen. Dest sin d Dammen Simone Martinetti an Brigitte Meier.

De Comité setzt sech aus 9 Leit zesummen:

Corneille Jans President, Camille Schmit Vice-President, Anabela Sousa Sekretärin, Gérard Schmit Kessier Memberen: Simone Martinetti, Brigitte Meier, Marcel Ruppert, Sandra Sousa, Claudine Tockert

De Club zielt 145 Memberen