48. GUIDE/SCOUTSKIERMES ZU BILSCHDREF AM RELAIS DE L'AMITIE - OFGESOT !

Léif Frënn vun der Bilschdrefer Guide/Scoutskiermes,


Et war keng einfach, awer eng onëmgänglech Décisioun vum Comité Bilschdref am Aklang mat den Décisiounen vum Comité vun eiser Asbl an dem Verband vun de Lëtzebuerer Guiden a Scouten, all d’Verbandsaktivitéite bis op Weideres ofzesoen.


Zu dësen Aktivitéiten gehéiert och eis traditionel Guide/Scoutskiermes déi mär dëst Joer, den 21 Mee 2020 op Christi-Himmelfaart fir d'48. kéier gefeiert hätten. Mee ënnert den aktuellen Bestëmmungen vum social Distancing an anneren Dispositiounen am Zesummenhang mat den Covid-19 Pandémie ass et net méiglech eis Kiermes ofzehaalen. D‘Sécherheet an d‘Gesondheet vun eis all huet elo prioritéit, an der Hoffnung dass mär dës schwéier Situatioun hannert eis loossen an eis neess esou schnell ewéi méiglech kënnen erëm gesin an zesummen eppes ënnerhuelen.


Mär gesin eis dann spéitsdens, den 13. Mee 2021 op eiser 49. Guide/Scoutskiermes zu Bilschdref a bis dohin, bleiwt all Gesond !