49. Guide/Scoutskiermes zu Bilschdref am "Relais de l'Amitié"

No zwee Joer Coronapaus geht et et elo neess esou lues lass, de Comité Bilsdorf vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten Asbl, invitéiert all seng Frënn, Memberen a Mataarbechter op seng 49. Guide/Scoutskiermes zu Bilschdref am "Relais de l'Amitié", den 19. Juni 2022 vun 10.00 bis 17.00 Auer.


Dëst Joer proposéiere mir, zwee flott Trëppeltier ronderëm eisen Terrain zum Thema « 50 Joer Relais de l’Amitié » an e gudde Gebuertsdagsmenü «50+1» fir op der Plaz z’iessen oder nom Trëppeltour mat heem ze huelen.

Gebuertsdagsmenü

- Apéritif an Amuse-bouchen

- Lasagne oder vegetaresch Lasagne mat Brout an Zalot

- Gebuertsdagskuch a Kaffi

Präis : 25.00 Euro ( Kanner 15.00 Euro )


TakeAway

Wann Dir är Portioun Lasagna wëllt mat heem huelen, biede mir Iech Är eegen Tupperware/Dëppchen matzebréngen fir esou mann wéi méiglech Offall ze produzéieren !

Präis : Portioun eleng 15,00 €


Eise Kiermesmenü oder TakeAway kënn Dir bestellen um Telefon 621 29 01 24 oder iwwer Mail : bilsdorf@asbl.lgs.lu bis den 13. JUNI 2022.

De Präis vum Gebuertsdagsmenü oder Take Away Portioun kënnt Dir op eise Konto

Lëtzebuerger Guiden a Scouten Asbl - Comité Bilsdorf

BCEELULL -LU37 0019 5355 6225 8000

iwwerweisen mam Vermierk “ Gebuertsdagsmenü „ oder " Take Away "

.

WEIDER INFORMATIOUNEN IWWER DE "RELAIS DE L'AMITIE, BILSDORF" OP : facebook.com/relaisbilsdorf