Perséinlech a spirituellen Weekend vun den LGS

De Weekend vum 2 op den 3 Februar waren 34 jonk Guiden a Scouten zu Bilschdref am Relais de l’Amitié fir sech selwer e bësschen besser kennenzeléieren.

Fir an de Weekend eranzekommen hu mer eis e witzegen awer nodenklechen Film ugekuckt an driwwer diskutéiert. Den Owend gouf mat Gesellschaftsspiller ausklénge gelooss ginn.

Um Sonnde Moien stoungen 3 verschidden Atelieren um Programm. Een dovun war dobaussen am Schnéi wou mer Mandalaen geluecht hunn fir e bësschen ze meditéieren.

Am Nomëtteg hate mer nach een Temoignage iwwert de Wee op Compostella.

Et war een lëschtegen an entspanende Weekend, wou een vill Méiglechkeeten hat sech Gedanken iwwert säi Liewen a seng Charge als Chef ze maachen.

Hei nach e puer Biller vu Mandalaen am Schnéi.