Den 29. Oktober 2016 ass de "Gejangsquintett" COJELLICO'S JANGEN zu Biissen am Festsall opgetrueden op Invitatioun vun de "Soirées Musicales de Bissen".
D'Jangen, wéi si sech selwer nennen, dat ass ee Grupp vu 6 befrënnte Musiker, 5 Sänger an ee Pianist, déi sech zesummegedoen hunn fir am Mäerz 2011 am Stued Theater vu Gréiwemaacher een Owend mat Arrangementer vu bekannte Lëtzebuerger Schlager am Stil vun de Comedian Harmonists ze produzéieren.
Si haten esou vill Freed un der Saach, dass si decidéiert hunn, weider ze fueren. All hir Optrëtter goufen e grousse Succès a si hunn et bis an d'Philharmonie bruecht, wou si de 27. Februar 2016 hire neie Programm "Dammenalphabet - vun Amélie bis Wirsch" virgestallt hunn.
Dëse Potpourri hu si och op hirem Owend zu Bissen virgedroen. De Sall war strubbelvoll an d'Läit ware begeeschtert. D'Manfestatioun war ënnert dem Motto "Lëtzebuerger Owend" organiséiert. Als Optakt gouf et Hameschmieren a Kéistelleren. Domat gouf déi richteg Stëmmung opgebaut fir uschléissend d'Jangen mat hire Moritaten ze genéissen.
D'Cojellico's Jangen, dat sinn d'Tenoueren Raymond Majerus, Arend Herold a Georges Urwald, de Bariton Carlo Migy an de Bass Jean-Marie Kieffer. Um Piano huet de Christophe Nanquette begleet. D'Arrangementer goufe geschriwwe vum Jean-Marie Kieffer an dem Georges Urwald. Duerch de Programm huet den Yvon Streff gefouert, dee schonn d'lescht Joer zu Biissen mat dem Gesangsgrupp Rhäifränsch begeeschtert hat.
Nom Concert hu vill Läit den Organisateure virgeschloen, esou een Owend bei engem spéidere Programm ze widderhuelen. Da soll et erëm heeschen: "Bei einem kühlen Humpen, da saß Cojellico's Jang - mit einem Zigarstumpen und einem belsche Frang" an "Am Päsch beim Gaardeweier, do stoung ee Birebam. Ech souz mat mengem Meedchen ganz dacks do Aarm an Aarm".
Text: Pol Schummer
Fotoen: Jeannot Ley