Concert mat Frënn, Biwer Musek, 22/03/2024

12
Apr
2024
12 Apr

Ennert dem Motto “Concert mat Frënn“ hat d’Biwer Musek zesummen mat der Fanfare Mosella vun Niederdonven ob hieren Fréijoersconcert invitéiert. Bei deser Geleeënheet ass och den neie Logo vun der Biwer Musek virgestallt ginn. Den éischten musikaleschen Deel gouf vun der Donver Musek ennert der Direktion vum Roger Armenzani gespielt. No der Paus war et dann un der Biwer Musek ennert der Direktioun vum Fabian Konz. Als Ofschloss hunn déi zwou Museken den Wilhelm Tell Marsch zesummen gespielt. Alles an allem war et e gudd gelongenen Owend mat zefriddenen Dirigenten an Musikanten an engem begeeschtertem Publikum.