Präisverdeelung Village fleuri 2023

De 25ten November 2023 war Präisverdeelung vum Village Fleuri an der Gemeng Biwer. Déi 2 Gaart an Heem Sektioune Biwer a Wecker mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng hunn dësen Concours am Joer 2023 organiséiert. 45 Haiser goufe priméiert. Am ganze goufen 149 Haiser an de Concours mat era geholl. Mir haten 5 éischt Präisser anzwar : Fam François-Schicker; Mr Domenico Lolaico ; Mme Marianne Kimmel-Portz; Mr et Mme Trombini-Konert an Mr et Mme Wagner-Reuter, sie haten déi maximal Punktzuel erreecht.

E grousse Merci geet un eis neutral Jury Mme Alix Weimerskirch an Chantal Wirtz an un eis Gemeng fir hier finanziell Ënnerstëtzung an den Éierewäin mat Schnittercher.