Konveniat vun der Famill Gengler zu Béiwen



Op Initiativ vum Mariette a Jean-Claude hu viru kuerzem d'Nokomme vum Anne a Paul Gengler-Kremer op engem Familljentreffen an der Auberge du Lac zu Béiwen e flotten
Dag verbruecht. 72 Nokomme konnten op dësem Treffen bei engem gudden Iessen eng sëllech Familljenerënnerungen austauschen. D'Anne, gebuer de 26. Dezember 1851,
an de Paul, gebuer de 26. Juli 1852, Gengler-Kremer, hu sech den 3. Februar 1880 zu Aasselbur d'Jowuert ginn. Si hu sech deemools zu Biwesch niddergelooss an do hir Famill gegrënnt. Op dësem Treffen ass och e Stammbam presentéiert ginn, dee bis 1769 zeréckreecht, deen ower nach net komplett ass. Sollt elo ee mengen, e géing an dës Famill gehéieren, ower fir dëst Treffen net ugeschriwwe gouf, ka e sech um Telefon 36 89 11 mellen.(Foto: Roland Gengler)