60 Joer Männerchouer Béiwen/Atert


Viru kuerzem haat de Männerchouer Béiwen/Atert seng Generalversammlung. Et gouf zerëck gekuckt op e Joer mat villen Optrëtter, engem neie Proufsall, enger neier Uniform an engem neie Logo. An dat alles ënnert dem Thema: 60 Joer Männerchouer Béiwen/Atert. E grousse Merci vum Präsident Claude Mathekowitsch goung un d‘Dirigentin Marguerite Thomé-Schmit, d‘Pianistin Christiane Parries-Schiltz an un all Sänger. De Programm 2023 ass schon erëm gudd gefëllt. Den nächsten Asatz ass de 26. Februar. De Chouer organiséiert déi traditionell Kënnbakestee um Lëtschert zu Béiwen un der Atert.