Kënnbakestee zu Béiwen un der Atert

Kuerz no Vältesdag huet de Männerchouer Béiwen/Atert déi traditionell Kënnbakestee organiséiert. No engem gudde Mëttegiessen fir iwwer 200 Leit, mat selwer gekachtem Judd a Paschtéit goufen eng etlëch Kënnbaken, Zozissen, moere Speck …..versteet. E besonnesche Gascht war den Här Dondelinger aus dem Kulturministère, deen erklärt huet, dat d‘Kënnbakestee en Deel vum Nationale Patrimoine soll gin. Och an deenen nächste Joere wäert d‘Kënnbakestee en Highlight am Programm vum Béiwener Männerchouer bleiwen.