Neijoersempfank a Start vun Télévie 2023 - Gemeng Helperknapp

OP de Neijoerspatt hat d'Gemeng Helperknapp, en Donneschdeg den 12. Januar an de Festsall op Béiwen/Atert invitéiert. No de Wierder vu Wëllkomm a Merci vum Buergermeeschter Fränk Conrad, sin di zukünftig Projeten an der Gemeng och virgestallt gin. Duerno war et um Organisatiounscomité fir de groussen Téléviedag den 22. Abrël dest Joer mat allen Acteuren am Detail och virzestellen. Mat engem grousse Merci am Virfeld vun desem kommenden Evenement huet Koordinatorin Diane Wunsch d'Gemeng félicitéiert an hinnen all e groussen Erfolleg gewënscht. Duerno ass beim Patt wärend e puer gemittlich Stonnen op dat neit Joer ugestouss gin. (CR ) (Fotoen: Charel Reiser)