BLUTTBUCH ZU BOUFER AM PARK !




Wann ee vu Lëtzebuerg op Ettelbréck fiert,gesäit een zu Boufer lenkerhand vun der Strooss am Park vum Altersheem e gewaltege Bam stoen. Dat ass déi bekannten Bluttbuch vu Boufer.

Si gëtt op ongeféier 400 Joer geschätzt , ass iwwer 30m héich. Op enger Héicht vun 2m fänkt si un hir Äscht auszebreeden.

1958 war den Ëmfang vum Stamm 5m (Duerchmiesser 1,60m)
1980 war den Ëmfang vum Stamm (op enger Héicht vun 1,30m) 5,60 m

D'Bluttbuch zu Boufer steet um Inventaire supplémentaire des monuments nationaux, an ass domadder gesetzlech geschützt (arrêté ministériel vum 29. Mäerz 1974).



(Verschidden Informatiounen aus "Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg " erausginn vun der Forstverwaltung)


Fotoen gemaach vun: STEYER – FONCK ALICE (copyright)