Eng Kreppchen fir e gudden Zweck

Bollendorfer-Bréck: Eng Kreppchen dir e gudden Zweck.


Während der Kreschtzait haten sech d’Oeuvres Saint Jean Berdorf an d’Kierchengemeinschaft aus dem Duerf eppes Besonnesches afaalen gelooss, an eng ganz waiss Kreppchen an der Kierch opgeriicht. Dess aussergewéinlech Kreppchen konnt bis den 7. Februar all Dag besichtigt gin. Bei deser Gelegenheet haten d’Leit d’Méiglechkeet eppes fir e gudden Zweck ze spenden. Och während de Massen an der Kreschtzait ass Geld gesammelt gin.

De 7. Februar 2021 ass dunn no der Owesmass eng Envelopp mat 1 500 Euro un d‘ Vertrieder vun der Associatioun „Catch e smile“ iwerreecht gin.