"Krepperchers" Ausstellung op der Bollendorfer-Breck.

Fir déi 3.Kéier schon hun d'Oeuvres St.Jean Berdorf hir Kreppercher an der Kirch op der Bollendorfer-Breck ausgestallt. Zesummegestallt gouf dess Ausstellung mat der Mathellef vun der "Beknifa" (Berdorfer Kniwwelfabrik) an den Bollendorfer Leit, déi hier al an zum Deel handgefärdegt Kreppercher fir des Ausstellung bereedgestallt hun. Freides den 21.Dezember war den offiziellen "Opening" vu deser Ausstellung. 36 verschidden Kreppercher goufen ausgestallt. E besonneschen Bleckfank war d'Kreppchen, déi vun der "Beknifa" entworf goef. D'Figuren sin Holzstämm déi vun de Kanner bemolt an ugedoen gi sin. D'Stréih fir de Stall ass frendlecherweis vum René Laugs zur Verfügung gestalt gin, den och déi schwéier Figuren mat sengem Trakter bei d'Kirch bruecht huet.