Oeuvres Saint Jean Berdorf spenden fir eng gudd Saach.

D'Par Saint Willibrord Régioun Iechternach , zesummen mat den Oeuvres Saint Jean Berdorf, hun dem Här Jeff Herr vun der Organisatioun "Wonschkutsch asbl" den 2. Februar villmols Merci gesot, dass hien seng selwer gebaute Kreppchen zu Bollendorf-Bréck an der Kierch opgeriicht hat.

D'Kreppchen ass vum 4. Advent un bis den 2. Februar vu ville Leit a Gottesdengschter a bai engem Concert vum Kanner- a Jugendchouer vu Consdorf bewonnert gin.

Nom Gottesdengscht vum 2. Februar konnte mir e Montant vu 1 550 Euro an den gespendeten Affer vun dem Dag un d'Organisatioun "Wonschkutsch asbl" iwerreechen.

De Jeff Herr huet seng Organisatioun kuerz virgestallt a fir den generéisen Don villmols Merci gesot. (C)