Awunner vun der Gemeng Mompech fir ronne Gebuertsdag geéiert

Traditiounsgemäss huet de Club Senior vun der Gemeng Mompech seng Memberen fir d'Journée du Grand Âge an de Foyer vun der neier Hal op Bur agelueden.

Fir d'éischt huet de Paschtouer Carlo Morbach eng helleg Mass an der Porkiirch zu Méischdrëf fir d'Leit gehalen, duerno sinn am Kader vun enger klenger Feierstonn och dëst Jor neess eng Rei Awunner vun der Gemeng Mompach fir hire ronne Gebuertsdag geéiert ginn a kruten a Präsenz vum Buergermeeschter Jos Schoellen a vun der Schäffin Chantal Hein-Zimmer e schéine Blummestack vun der Präsidentin Marie-Thérèse Osweiler-Weydert iwwerreecht. Déi eelsten Awunnerin vun der Gemeng, d'Madame Beby Schiltz ass fir hir 106 Jor geéiert ginn. Donieft kruten d'Madame Marguerite Schmit an den Här Eugène Huss fir hir 85 Jor, den Här André Krippes fir seng 80 Jor, d'Madame Nelly Adehm fir hir 75 Jor an d'Madame Lily Niederweis fir hir 70 Jor felicitéiert.