Liichtmess-Dag

Géint 16.45 koumen d´Schüler aus der Primärschoul vun Bour bei der aaler Spillschoul zesummen fir vun do aus Liichten ze goen.
Et waren insgesamt 39 Kanner die déelgeholl hun mat 12 Erwuesenen.
D´Schouljoren sin obgedélt ginn vum 1. - 3. am enneschten Duerf an die Grouss vum 4. - 6. hun dat iwescht Duerf zougedélt kritt.
D`Kanner hun fleisseg d´Schéllen gedréckt an dén wou obgemach huet ass sénger Seissegkéten mat éngen Ständchen entlackelt ginn.
Nodéems all Haus beliicht ginn ass, sinn se dunn um Camping zesummen komm fier d´Seissegkéten gerecht obzedélen. Den Alain huet séng Réimlechkéten fir dés Aktioun zur Verfügung gestallt.
D`Kanner kruten fier Zeit ze iwerbrécken an hinnen d´Kélt die sech ugesammelt hat Kuch an Choky zerveiert die vun den Elteren gestalt gi sinn.
(Text & Foto: FP)