Strȏssefest an der Aa & friends

Et war erem souweit an eist 2. Strȏssefest huet den 17.09.2011 stattfonnt.

Samsdesmoies ass Zelt um Camping of- an an der Aa opgeriicht ginn. An der Möttesstonn ass de Menu agetraff, déen dun iwert dem Feier zouberéet gouf. Gedrenks lung káal an et war alles prépareiert fir d´Nopeschfest.

An d´Höllefsberétschaft ass grouss, de Noper soot hien breicht nach Droht fir dat sein Hond net mei geif fortlaafen.
Gefroot, gemach: „ech hu nach Droht, ech bréngen der Péil an ech kommen mam Trakter an drécken se der mam Frontlader eran“, éng hallef Stonn mei speit hat den Hond de misère an könnt net mei eraus.

Zesummen gefeiert hun 53 Erwuesener an 28 Kanner, wou mer och en DJ haten, déen fir Stemmung gesuergt huet.

Um Menu stung: Fierkel um Spies mat gebȏtschten Gromperen, verschieden zorten Zalot an Geméis, duerno gouf et nach Kaffi an Toart.

Bis speit an d´Nuecht eran war d`Stemmung gudd et gouf vill gelaacht an nei Frendschaften si geschloss gin.

Sonndesmoies ass geraumt a gebotzt gin.

Meindesowend ass dun och Zelt ofgeriicht an ob dem Camping erem obgeriicht gin.