Verdengschtvoll Musikante vun der Burer Musik geéiert

Während dem Cäcilieconcert, deen d' Burer Musik leschte Samsdeg zu Bur an d'Kierch ënner der Leedung vum Dirigent Patrick Yves Hengen gespillt huet a wou Stécker wéi „Spiritual Moments“, „Highland Cathedral“, „A Children's Suite “, „The Seminar Hymn“, „Air For Winds“, „Oh Happy Day“ oder och nach „Canterbury Chorale“ um Programm stoungen, sinn eng Rei verdengschtvoll Memberen vum Musiksveräin geéiert ginn a krute vum Buergermeeschter Jos Schoellen a vum Romain Osweiler als Vertrieder vun der Ugda eng Medaille iwwerreecht. Insigne fir 5 Jor: Ernzer Georges, Ernzer Marie-Jeanne, Bisenius Tim, Jeitz Zoé a Schmit Jeannette. Médaille de mérite en bronze fir 10 Jor: Bisenius Cathy, Buttel Chantal, Ernzer Maryse an Thomé Claude. Médaille de mérite en argent fir 20 Jor: Thomé Jill. Médaille de mérite en vermeil avec palmette fir 40 Jor: Bisenius Gerard. Médaille en argent Grand-Duc Adolphe fir 50 Jor: Hurt Marcel.