95ten Gebuertsdag vun der Mme Schweitzer-Delles Maria vun Ierpeldeng

D’Mme Maria Schweitzer-Delles krut vum Schäfferot vun der Gemeng Bous fir hiren 95ten Gebuertsdag gratuléiert. D’Mme Schweitzer gouf den 5ten Juli 1923 zu Nidderdonven gebuer an wunnt zanter 1949, no hirer Hochzäit mam Ady Schweitzer zu Ierpeldeng bei Bous. Zesummen mat hirem Mann, deen Gemengecantonnier wor a schon 1966 verscheed ass, huet si um Baueren-a Wënzerbetrib geschafft. D’Mme Schweitzer ass Mamm vu 4 Kanner, Bomi vun 8 Enkelkanner an Urbomi vun 1 Urenkelin. De Schäfferot wënscht der Mme Schweitzer weiderhin alles Guddes an eng gutt Gesondheet.