Éierung vun verdéngschtvollen Politiker a Mataarbechter an der Gemeng Bous

Am Kader vun der Ofschlossfeier 2017 vun der Gemeng Bous den 12 Januar 2017 am Schengener Haff, goufen folgend Léit vun der Gemeng geéiert:

M. Jos Johanns, Conseiller vun 1982 bis 1987, Schäffen vun 1988 bis 1993 an Buergermeeschter vun 1994 bis den 7ten November 2017;

Mme Lily Kütten-Brentjens, Conseiller vun 1994 bis 2005 an Schäffen vun 2006 bis den 7ten November 2017;

M. Guy Hary, Schäffen vun 2006 bis den 7ten November 2017;

M. Romain Schanen, Conseiller vun 2006 bis 2017;

M. Antoine Müller, Conseiller vun 2006 bis 2017;

Mme Silvia Weber, Gemengereceveur séit 1992;

M. Fränk Fonck, Gemengenaarbechter vun September 1995 bis Oktober 2017

Mme Sandra Jost, Léierin vun September 2009 bis September 2017

Op de Biller feelen den Här Romain Schanen, den Här Antoine Müller, an d'Madame Sandra Jost