Aktioun « Dag vum Bam» Bamplanzaktioun vun de Schoulkanner vu Bous

Op Initiativ vun der Ëmweltkommissioun hunn d’Schoulkanner aus dem Cycle 2.2 aus der Bousser Grondschoul Enn Februar zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung zu Rolleng/Assel 15 Uebstbeem geplanzt.

Am Ufank huet de lokale Fierschter, den Tom Engel de Schüler Sënn an Zweck vun esou Aktiounen erkläert. Dobäi huet hien d‘Wichtegkeet vun de Beem an der Gewan fir Déierewelt, d' Biodiversitéit, d' Landschaftsbild , an de Mënsch betount. Bei de Beem, déi dee Mëtteg vun de Kanner zesumme mat de Bëschaarbechter geplanzt gi sinn, huet et sech em Äppelbeem gehandelt.