Eng weider Aktioun zur Energietransitioun

2. Informatiounsversammlung vun der Energiekooperativ EKR zu Lenneng

Den 20.Mäerz haten sech ca. 40 intresséiert Leit aus dem Kanton Réimech am Veräinssall an der Gemeng Lenneng fir d'Virstellung vun der EKR « Energiekooperativ Kanton Réimech» afonnt. D’Kooperativ huet sech zum Zil gesat, fir an enger éischter Phase op den Diecher vu Gemengegebaier , op mannst 1 Projet ( zbsp. a Form vun enger Fotovoltaikanlag) pro Gemeng am Réimecher Kanton , a prioritär zesumme mat den Awunner aus dem Kanton, opzeriichten an ze bedreiwen. Nodeems den éischte konkreete Projet , um Daach vum Boulodrome zu Munneref elo realiséiert an a Betrib ass, goufen deen Owend déi nächst potentiell Projete virgestallt. ( Kierchendaach zu Kanech, Centre culturel zu Ierpeldeng, Maison relais zu Duelem, Daach vun der Grondschoul zu Trënteng, Daach vun der Grondschoul zu Munneref ...)

Mat der Hëllef vu weideren Ënnerstëtzer, a Form vu Parten kënnen déi ausgeschaffte PV-Projete vu gutt 40 kWp um Daach vun der Kierch zu Kanech an deen um Daach vun der Grondschoul zu Munneref vun ca. 70 Kwp ëmgesat ginn. Eng Zomm vun ëmmerhi 40.000 € vir d’Opstelle vun de Solarpannoë op der Kanecher Kierch steet elo am Raum a kéint vun den EKR-Kooperateuren iwwerholl ginn. Et kéinten doduerch ëm déi 32.000 kWh/J grénge Stroum wärend 15 Joer produzéiert ginn. Dat entsprécht engem Stroumverbrauch vun ëm déi 8 Eefamilljenhaiser. Dës Projete sinn nëmme méiglech wéinst där gudder Ënnerstëtzung vun de Gemengen. Déi zwou Gemenge, Lenneng a Munneref ,stellen déi zwee Diecher ouni Lokatioun zur Verfügung an iwwerhuelen zousätzlech een net onwesentlechen Deel vun de Fraise fir technesch Basis-Installatiounen, a beweisen domadder hir Ënnerstëtzung fir d’Energietransitioun .

Nei Membere waren deen Owend, a sinn zu all Moment an der Energiekooperativ wëllkomm. Entweder schreift een sech mam Formular op eiser Internetsäit (www.ekr.lu) an, oder et mellt een sech mat enger email ( info@ekr.lu) fir zousätzlech Informatioune vu Fachleit ze kréien.