Bous: Generalversammlung mat Scheckiwwerreeschung

Den 28. Abrëll huet de Bouser Spektakel seng Generalversammlung ofgehalen, wou och en Deel vum Erléis vun den Theatervirstellungen am Januar gespent ginn ass. Dest Joer huet Autisme Luxembourg asbl, vertrueden durch seng chargée de direction Mme Danielle Philippi, e Scheck vun 1.500,- € entgéint geholl.