De Bouser Spektakel engagéiert sech fir de gudden Zweck.

De Bouser Spektakel spillt traditionnel um 2te Weekend am Januar Theater. Och traditionell gëtt en Deel vum Erléis fir de gudden Zweck gespend.

D'Stroossenglen asbl huet et hinne besonnesch ugedoen an esou ënnerstëtzt de Klub grad ewéi dat läscht Joer, des Organisatioun an hirem Kampf géint d’Aarmut mat engem Don.

Am Kader vun der Generalversammlung konnt den Här Lauer vun de Stroossenenglen e Scheck vun 2.000 € entgéint huelen.