Scheckiwwerreechung vun der Kulturkomissioun Bous

Am Kader vum Neijoerschpatt vun der Gemeng Bous huet d'Kulturkommissioun e Scheck vun 1.020,- € un d'Stroossenglen a.s.b.l. iwwerreecht.

Dëse Betrag resultéiert aus der 3. Editioun vun der Bourse des Collectionneurs, organiséiert vun der Kulturkommissioun am November 2022.

Stroossenglen a.s.b.l. besteet aus Fräiwëllegen, déi sech zum Zil gesat hunn de Kampf géint d'Aarmut unzegoen andeem se deene Leit, déi net esou gutt am Liewen do stinn, mat Iessboxen, Kleeder a Miwwel ënnerstëtzen.