De Bouser Spektakel engagéiert sech

Am Mee huet de Bouser Spektakel seng Generalversammlung ofgehalen.

Am Uschloss ass wéi all Joer e Scheck iwwerreecht ginn. D'Suen sinn en Deelerléis vun den Theatervirstellungen am Januar.

Des Kéier gouf d'Fondatioun Thierry Van Werveke mat 1.500,- beduecht. D'Mme Danielle Meneghetti huet de Scheck entgéint geholl an d'Fondatioun, déi jonk "Troublemakers" a Schwieregkeeten a mat sozialer Benodeelegung ënnerstëtzt, virgestallt.