Grouss Botz zu Bous-Waldbriedemes

Bous-Waldbriedemes.An Zesummenaarbecht mat den Awunner an de lokale Veräiner , huet d’Ëmweltkommissioun vun der Fusiounsgemeng Bous-Waldbriedemes , de 16. Mäerz hir traditionell «Grouss Botz» organiséiert. Eng 50 motivéiert Erwuessener a 25 Kanner hunn dee muttwëlleg ewech geheiten Dreck laanscht Landstroossen, Feld- a Bëschweeër agesammelt an sech net vum Abrëllswieder ofhale gelooss. Um Enn sinn esou nees eng etlech Kiloen Dreck zesummekomm. Nom Sënnere vum Dreck (Glas, PMC/Valorlux, Metall a Reschtmüll) op der Plaz, ass de Leit d’Ausmooss eréischt richteg bewosst ginn. No der Sammelaktioun huet Gemeng all de Leit e gudde Maufel offréiert. D’Gemeng an d’Ëmweltkommissioun soen all de Fräiwëllege villmools Merci fir hiren Engagement.