Groussbotz zu Bous

Bous. An Zesummenaarbecht mat de lokale Veräiner huet d’Ëmweltkommissioun vu Bous , den 25. Mäerz hir traditionell «Grouss Botz» organiséiert. Eng 20 motivéiert Awunner hunn dee muttwëlleg ewech geheiten Dreck laanscht Landstroossen, Feld- a Bëschweeër agesammelt. Um Enn sinn esou nees eng etlech Kiloen Dreck zesummekomm. Als Ofschloss waren all Bedeelegt op e gudde Maufel agelueden. D’Gemeng an d’Ëmweltkommissioun seet all de Fräiwëllege villmools Merci fir hiren Engagement.