Präisiwwerreechung vum Fotosconcours 2022 zu Bous


D’Ëmweltkommissioun vu Bous hat läscht Joer e Fotosconcours organiséiert. A well et bekannt ass, datt an der Gemeng Bous bzw. am Trëntengerdall ganz vill Uebstbeem an de Bongerten geplanzt sinn a gefleegt ginn, lung et op der Hand, de Concours ënnert d’Thema « Liewensraum Bongert» ze stellen. D’Präisiwwerreechung war viru kuerzem. De President vum Jury huet zesumme mat de Membere vun der lokaler Ëmweltkommissioun , de Laureaten, de Madammen Mireille Braun an Martine Marson aus der Gemeng Bous, villmools Merci fir hir Participatioun gesot, an déi vun der Gemeng gestëften Präisser a Form vun interessante Bicher iwwerreecht.