Scheckiwwerrechung vun der Kulturkommissioun Bous

Am Kader vun de Bourse des Collectionneurs 2018 an 2019, organiséiert vun der Kulturkommissioun Bous, ass fir e gudden Zweck gesammelt ginn.

Um Neijoerschpatt vun der Gemeng hat d'Kulturkommissioun déi grouss Freed de Scheck vun 1.015,- € un d'Fondatioun Wonschstär ze iwwerreechen.

D'Fondatioun Wonschstär huet sech zum Zil gesat Kanner an Erwuessener ze hëllefen, deenen hiert alldeeglecht Liewen opgrond vu Krankheeten, Behënnerung, Accidenter oder Schicksalsschléi extrem belaascht gëtt.